IWWERT ONS
ONS KLENG GESCHICHT

Am September 2019 hu siwe Klassekomeroden aus dem Lycée decidéiert sech zesummen am Wahlcours “Mini-Enterprise” anzeschreiwen. D’Iddi war et am Kader vun engem Concours vun de Jonk-Entrepreneuren eng Firma ze grënnen an z’entwéckelen.
Vun Ufank un wollte mir dëse Concours gewannen, awer virun allem wollte mir eppes schafen, wat eng richteg Valeur hätt. Och wann mir d’Iddi vun der FrëschKëscht net direkt haaten, si mir séier op d’Iddi vun engem Produkt komm, deen eist Land, Lëtzebuerg, géif ennerstëtzen.
Fir et an engem Wuert ze soen, FrëschKëscht war gebuer. E ganzt Joer hu mir un der Konkretiséierung vun eisem Produkt a Service geschafft an sinn esou an d’Welt vum Entrepreneurship erakomm, eng richteg Offenbarung fir eis. Mir hunn eng Passioun fir d’Geschäftswelt entdeckt, an dës Erfahrung huet eis erlaabt eis z’entwéckelen an iwwer eis selwer a mënschlech Relatiounen ze léieren.
An rod wat? Mir hunn eisen Concours gewonnen! Mir sinn déi bescht Mini-Entreprise vu Lëtzebuerg 2020 ginn an eis FrëschKëscht war e richtege Succès mat ville Clienten.
Dës Victoire an déi räich Erfahrung hunn eis de Wonsch an d’Motivatioun ginn, dës Aventure iwwer de Schoulkader weiderzeféieren. Am September 2020 si mir eng richteg Firma ginn.
Elo, zwee Joer méi spéit, hunn sech e puer Saachen gedoe, fir d’éischt ass eis Team méi kleng ginn an eist Produkt huet sech och geännert. Mir hu beschloss just eis Chrëschtkëschten un Firmen, Associatiounen an aner Organisatiounen ze verkafen. Och wa mir eist Uebst a Geméis gär haten, huet d’FrëschKëscht sech evoluéiert a mir wëllen eis, nieft eisen perséinleche Studien, op Feierdeegscadeauen konzentréieren. Mir bléiwen awer engagéiert ons nemmen op lokal Produkter ze fokusséieren an dass ons Këschten nemmen 100% lëtzebuergesch Delikatessen enthaalen!